Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Heaven's Scum

Heaven's Scum

Release vun der Woch: Heaven's Scum - Beyond Human Footsteps (7,5/10)

Op hirem éischten Album "It All Ends In Pain", dee virun 3 Joer erauskomm war, haten Heaven's Scum schonn hiren eegene Stil fonnt, an dee gouf um Nofolger elo nach bësse méi perfektionéiert. Allerdéngs bleift et net aus, dass een déi eng oder aner Kéier awer un aner Bands erënnert gëtt, wéi z. B. un Amon Amarth. Vläicht war dat bei "The Mammoth And The Mastodon" awer och express esuo gemaach, well et thematesch an enger vergangener Zäit läit, esou wéi och d’Geschichte bei Amon Amarth iwwert eng Zäit méi fréi an der Mënscheetsgeschicht ginn. Ma sou oder sou ass et net dramatesch. D’Konscht, hiren eegene Mix ze maachen, ass der Band nämlech nach ëmmer gutt gelongen.

Wat op "Beyond Human Footsteps" awer virun allem opfält, ass de Fakt, dass déi eenzel Membere sech als Museker weider entwéckelt hunn, an um neien Album amstand sinn, Saachen ze spillen, déi si viru puer Joer nach net onbedéngt ronn kritt hätten.



Ma och a Punkto Songwriting generell huet d’Band op "Beyond Human Footsteps" e gudde Schrëtt no vir gemaach. Sou hunn d’Lidder um neien Album nach méi Dynamik. D’Band spillt mat Héichten an Déiften, mam Tempo, mat der Lautstäerkt a mam Wiessel tëscht cleane Vocals a Growls, respektiv cleanen a verzerrte Gittaren.

Nach ëmmer maachen Heaven’s Scum dobäi e Mix aus Death an Thrash Metal mat enger Grëtz Gespills a klengen, gutt iwwerluechten Detailer.

E Konzeptalbum, dee vu vir bis hannen eng Geschicht erzielt, sou wéi dat beim Virgänger de Fall war, ass "Beyond Human Footsteps" zwar net, ma e Konzept stécht trotzdem hannendrun. Sou geet et um neien Album ëm d’Mënscheet an hir Entwécklung am Laf vun der Geschicht an doriwwer eraus bis an d’Zukunft, a virun allem ëm hir negativ Facetten.

Playlist

System Of A Down - Toxicity (Toxicity; American Recordings; 2001)

An Apple A Day - Wasteland (Faceless; Independant; 2017)

Ensiferum - Axe Of Judgement (One Man Army; Metal Blade; 2015)

Evocation - Condemned To The Grave (The Shadow Archetype; Metal Blade; 2017)

Heaven’s Scum - The Mammoth And The Mastodon (Beyond Human Footsteps; Independant; 2017)

Antropomorphia - Murmur Ov The Dead (Sermon Ov Wrath; Metal Blade; 2017)

Nailed To Obscurity - Protean (King Delusion; Apostasy Records; 2017)

Arch Enemy - My Apocalypse (Doomsday Machine; Century Media; 2005)

Children Of Bodom - Red Light In My Eyes Pt. 1 (Something Wild; Spinefarm / Nuclear Blast; 1997)

Abstract Rapture - The Cancer In Your Soul (Single; Independant; 2016)

Episoden