arrow_back_ios
Kultur
De Luxfilmfest mécht seng Dieren op
Mam Film "Denial" vum britesche Realisateur Mick Jackson ass déi siwent Editioun vum Luxembourg City Filmfestival gëschter offiziell ageweit ginn. Bis den 12te Mäerz stinn 81 Filmer um Programm. Dovunner 10 an der Haaptkompetitioun an 8 Dokumentarfilmer. Dobäi ware wéi ueblech och nees eng Rei international Gäscht a Politiker aus der Kulturszeen. Detailer Maxi Pesch