Kultur
Albert Camus "Les Justes"
1905 hu sozialistesch Revolutionärer en Attentat op de Grand-Duc Sergei gemaach. An dësen brutalen Akt war d’Basis fir dem franséischen Dramatiker a Philosoph Albert Camus säin Drama “Les Justes”. En Theaterstéck wat sécher zu de grousse Klassiker vun der Weltliteratur gehéiert. “Les Justes” ass an enger Mise en scéne vun der Marja Leena Junker am Théâtre du Centaure ze gesinn. Et ass en Theaterstéck dat een den Ament spillen soll, virun allem och dat jonk Leit sech mat den Themen a Froen aus “Les Justes” sollen ausernee setzen.