Kultur
"Salon du livre" an den Ausstellungshalen
Méi wéi 100 Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an dem Ausland begéine sech vum 3. bis de 5. Mäerz, fir aus hire Wierker an den Originalsproochen ze liesen, ze diskutéieren an ze signéieren. Auteuren, Editeuren a Librairë wëlle mat der Literatur déi verschidden Natiounen, déi zu Lëtzebuerg liewen, zesummebréngen, fir gemeinsam déi divers Welten z’entdecken. D’Kristel Pairoux an den Jean Philippe Ruiz vum Comité de liaison des associations d’étrangers (CLAE) sinn Matorganisateuren vum Festival a beliichen déi wichtegst Fakte vum Festival. Valerija Berdi