arrow_back_ios
Kultur
“Walk”-Shop mam Clio Van Aerde
Seet Iech den Numm Clio Van Aerde eppes? Nee? Effektiv ass d’Performerin a studéiert Bühnebildnerin eréischt eemol ëffentlech zu Lëtzebuerg opgetrueden: am Mudam hat si zejoert hier Performance “Syndrôme de décélération” presentéiert. De Weekend vum 4. a 5. Mäerz kënnt dir mat hirer Hëllef selwer emol “décéléréieren”, beim Mudam-Atelier “Walk in practice”. Explicatiounen Kerstin Thalau.