Kultur
Oh du do uewen, deem seng Hand...
Sozial Spannungen an Ongerechtegkeeten, Kricher, Sträit ëm d'Muecht an Hannerlëschtegkeeten... u sech huet d'Welt bei den ale Griichen net esou vill anescht ausgesi wéi haut. Souguer d'Iddi vun der Demokratie huet sech bis an eis Zäit duerchgesat. Wéi déif eis Kultur mat all hire positiven a negative Säite vun der antiker Zäit gepräägt ass, weisen de Ian De Toffoli, den Olivier Garofalo, den Nico Helminger a de Jeff Schinker mat hiren Eenakter, déi zesummen ënnert dem Titel "Oh du do uewen, deem seng Hand" gespillt ginn an dat mam Eugénie Anselin, Nora Koenig, Raoul Schlechter a Pitt Simon. D'Stéck ass eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Escher Theater, dem Kinneksbond an dem CNL. E Bäitrag vum Valerija Berdi.