arrow_back_ios
Kultur
De Frank-Thorsten Moll an den Ikob
Den Ikob -de Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Eupen- ass ëmmer en Ausfluch an déi däitschsproocheg Ostbelsch wäert, an zwar net nëmme well verschidde lëtzebuerger Kënschtler zu der Ikob-Kollektioun gehéieren. Nach bis den 23. Abrëll kënnt dir do eng interessant Ausstellung zum Thema “Kulturen des Dissens” gesinn. Kuratéiert huet se den neien Direkter Frank-Thorsten Moll, deen iech d’Kerstin Thalau virstellt.