Kultur
Ëntschëllegungen no de Pannë während den Oscaren
Et war schonn eng penibel Pann während der Oscar-Zeremonie an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg, wou an der Kinnekskategorie, déi vum beschte Film, de falsche Film als Gewënner annoncéiert gouf. D’AMPAS, d’Academy of Motion Pictures Arts an Sciences huet sech elo offiziell fir deen Tëschefall entschëllegt an och Konsequenzen annoncéiert. D’Auditfirma "PriceWaterhouseCoopers", déi Ofstëmmung vun der Präisser iwwerwaacht, iwwerhëlt dann och déi ganz Responsabilitéit fir déi penibel Pann.