Konferenzen
Question sur l'avenir du travail de mémoire (2. Deel)
Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht, Kultur a Gedenken - dës Theme stoungen den 20. an 21. Januar 2017 am Fokus vum internationale Colloque "Question sur l'avenir du travail de mémoire" an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, bei deem de radio 100,7 zesumme mat der Uni Lëtzebuerg Partner war.
Dëse Colloque gouf organiséiert am Kader vum 60. Anniversaire vum Musée National de la Résistance a vum 20. Anniversaire vun den Témoins de la 2e Génération an ass ë.a. integréiert an d’Manifestatioune ronderëm d’Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité vum 27. Januar 2017.
De Gerd Kleestadt (84 Joer), Iwwerliewenden aus dem Konzentratiounslager Bergen-Belsen, kommentéiert de Colloque aus senger Siicht.
D'Emissioun schléisst mat de Konklusiounen vum Laurent Moyse, Auteur a fräie Journalist.
Verschafft a presentéiert vum Carlo Link.
Den 1. Deel fannt Dir an eiser Mediathéik.