Konferenzen
Question sur l'avenir du travail de mémoire (1. Deel)
Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht, Kultur a Gedenken - dës Theme stoungen den 20. an 21. Januar 2017 am Fokus vum internationale Colloque "Question sur l'avenir du travail de mémoire" an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, bei deem de radio 100,7 zesumme mat der Uni Lëtzebuerg Partner war.
Dëse Colloque gouf organiséiert am Kader vum 60. Anniversaire vum Musée National de la Résistance a vum 20. Anniversaire vun den Témoins de la 2e Génération an ass ë.a. integréiert an d’Manifestatioune ronderëm d’Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité vum 27. Januar 2017.
Als Zäitzeien huet de Gerd Kleestadt (84 Joer), Iwwerliewenden aus dem Konzentratiounslager Bergen-Belsen, seng eege Memoiren ugeschwat. Zënter 16 Joer besicht hie mat Studenten KZer a schwätzt viru Schüler, fir d'Erënnerungen un dësen Deel vun der Geschicht waakreg ze halen.
Gerd Kleestadt © Carlo Link
An engem Zesummenschnëtt proposéiert de Carlo Link Extraiten aus de Virträg an aus de verschiddene Ronndëschgespréicher, bei deeen d'Themen zesumme mam Fachpublikum lieweg an deelweis kontrovers diskutéiert goufen.
Dobäi waren och, nieft den auslänneschen Orateuren aus dem däitsch-franséischproochege Gebitt, déi Lëtzebuerger Historiker(in) Renée Wagener, Denis Scuto a Vincent Artuso, souwéi Vertrieder vun den Organisatiounen, déi um Projet vum Colloque matgeschafft haten, Musée National de la Résistance, Témoins de la 2e Génération, Frënn vum Resistenz Musée a MemoShora.
Denis Scuto a Maxime Weber © OIivier Bouton
Weider Invitéë bei de Ronndëschgespréicher waren ë.a.:
Claude Meisch, Jugend- an Erzéiungsminister
Gilbert Pregno, President vun der Commission consultative des droits de l'homme
Claude Marx, fréiere President vum Consistoire Israélite Luxembourg
Michèle Schilt, Directrice-Adjointe vum Centre pour l'éducation à la citoyenneté
Alex Reuter, fréiere Pedagog an Enseignant, Leeder vun der Jugend-Theater-Grupp Namasté
Albert Hansen, President vum neien Comité pour la mémoire de la 2e Guerre Mondiale
Maxime Weber, Student a Blogger an Tom Zago, Geschichtsstudent
D'Gesamt Leedung vum Colloque gouf vum Frank Schroeder, Direkter vum Musée nationale de la Résistance, assuréiert.
Den 2. Deel vum Zesummeschnëtt héiert Dir um 18:30 oder ass an eiser Mediathéik nozelauschteren.