arrow_back_ios
Kultur
Dem Hieronymus Bosch säin Ierwen an der Villa Vauban
Zejoert war de 500. Doudesdag vum Hieronymus Bosch. Aus dësem Grond ass de Moler weltwäit mat groussen Eenzelausstellungen an engem Relancement vun der Bosch-Fuerschung gefeiert ginn, ënnert anerem a senger Heemechtsstad ‘s-Hertogenbosch an am Museo del Prado zu Madrid. Eng nei Ausstellung an der Villa Vauban beweist elo, datt dem Bosch seng Successeuren wiesentlech dozou bäigedroen hunn, datt de Moler bis haut populär ass. Explicatiounen Kerstin Thalau.