arrow_back_ios
Kultur
Wandmolereien an der Cecil’s Box vum Cercle Cité
Den Daniel Wagener, gebuer 1988, huet zu Berlin an zu Bréissel visuell Kommunikatioun studéiert. Haut ass hien als Grafiker, Fotograf, Theaterszenograf a Fotoenseignant op der Académie Royale des Beaux-Arts zu Bréissel aktiv. Seng Eeenzelexpo zu Diddeléng war knapps eriwwer, do huet den Daniel Wagener schonn um nächsten Optrag geschafft: un enger Installatioun fir d’Ausstellungsvitrine Cecil’s Box vum Cercle Cité. D’Kerstin Thalau war bis an d’ Paschtoueschgaass an der Stad.