arrow_back_ios
Musica Sacra
Mass for Four Voices
A senger Musek fënnt ee beim Thomas Tallis vill stilistesch Changementer. Dat läit dorunner, datt en an England 40 Joer laang d'Positioun vum "Gentleman of the Chapel Royal" hat, a sech bei senger Aarbecht un de Goût vun den englesche Regenten huet missen upassen. De Luc Boentges proposéiert d'"Mass for Four Voices", déi ënnert dem Kinnek Henry VIII entstanen ass.