Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Heaven's Scum & Antropomorphia

Heaven's Scum & Antropomorphia

Heaven's Scum

Knapp 3 Joer ass et hir, dass Heaven’s Scum aus dem Süde vum Land hiren Debutalbum "It All Ends In Pain" erausbruecht hunn. Elo puer Joer an eng sëlleche Concerten duerno, kënnt den Nofolger "Beyond Human Footsteps" no, fir genee ze sinn, den 18. Mäerz. A fir iwwert deen Album ze schwätzen, war de Frontmann vun der Band Ben Reichling bei mir am Studio.

Release vun der Woch: Antropomorphia - Sermon Ov Wrath (8/10)

Et gëtt Albumen, déi muss ee puer mol lauschteren, fir op de Gout ze kommen, an et gëtt Albumen, bei deene gëtt ee scho bei den éischte puer Sekonnen duerch hire Groove an Energie matgerappt.. Den neien Album vun der hollännescher Death Metal Band Antropomorphia, Sermon ov Wrath ass genee esou een.

Den Album iwwerzeegt awer net nëmmen duerch de Groove, dee sech wéi e roude Fuedem duerch den Album zitt an d’Käpp déi ganzen Zäit mat wackele léisst, mä och duerch säin Ofwiesslungsräichtum. Sou gëtt et Tracks, déi nach e Krack méi brutal an aggressiv sinn, ma déi de Groove, wéi gesot, trotzdem net op der Säit loossen.



Grooveg Aggressivitiéit, Energie a Brutalitéit ass dobäi awer net dat eenzegt, wat den Album ze bidden huet. Op Sermon ov Wrath ass och Plaz fir méi atmosphärescht mid-tempo Genuddels.

Och wann et u sech eng Death Metal Scheif ass, sou héiert een op verschiddene Plazen dach awer eng Grëtz Black Metal Aflëss eraus, virun allem ass och d’Produktioun bësse blackeg gehal, wat awer net negativ ass, a just nach zu der wonnerbar ominéiser an düsterer Atmosphär vum Album bäidréit, an dësen Album och vun aneren 0815 Death Metal Albumen ënnerscheed.

Playlist

Obituary - Turned Inside Out (Cause Of Death; Roadrunner; 1990)

Evocation - The Coroner (The Shadow Archetype; Metal Blade; 2017)

Heaven’s Scum - Disgusted By Mankind (Beyond Human Footsteps; Inependant; 2017)

Ex Deo - The Roman (The Immortal Wars; Napalm; 2017)

Antropomorphia - Crown Ov The Dead (Sermon Ov Wrath; Metal Blade; 2017)

Ephemerald - I Bear Fire (Single; Rockshots; 2017)

Disturbed - Down With The Sickness (The Sickness; Giant Records; 2000)

Avenged Sevenfold - The Stage (The Stage; Capitol; 2016)

Episoden