arrow_back_ios
Kultur
D'Cecil’s Box mam Daniel Wagener
Den Daniel Wagener, gebuer 1988, huet zu Berlin an zu Bréissel visuell Kommunikatioun studéiert. Haut ass hien als Grafiker, Fotograf, Theaterszenograf a Fotoenseignant op der Académie Royale des Beaux-Arts zu Bréissel aktiv. Moment....dir hutt dat do an de leschte Méint schonn e puermol bei eis op der Antenne héieren? Effektiv, dem Daniel Wagener ginn d’Iddie fir Expoen net aus, an dofir ass hien elo fir d’Ausstellungsvitrine Cecil’s Box sélectionéiert ginn. D’Kerstin Thalau war bis an d’ Paschtoueschgaass an der Stad.