arrow_back_ios
Kultur
Stefan Zweig haut sou aktuell wi zu Liewzäiten
An der Aktualitéit war de Stefan Zweig Enn lescht Joer direkt zweemol: emol well am November 2016 eng Korrespondenz vum éisterräicher Auteur Zweig mam Jüdesche Schreftsteller Hans Rosenkranz un die israelesch Nationalbibliothéik goung. An nach emol well der Maria Schrader hiere Film "Vor der Morgenröte" iwwer dem Stefan Zweig säi Liewen am Exil am Gespréich fir eng Oskarnominéierung fir de beschten net-engleschsproochege Film war.