arrow_back_ios
Kultur
Andy Warhol: Konsumkultur a Konscht
D’Biller gesinn aus wéi Comics, an se sinn faarweg, wierklech faarweg. An op de Biller gesäit een Zoppebëchse, Geldschäiner, de Portrait vu Staren oder e Portrait vu sech selwer. An dee “sech selwer” ass den Andy Warhol de Mat-Initiateur an de bedeitendste Vertrieder vun der amerikanescher Pop-Art. Den 22 Februar 1987, haut op den Dag viru 30 Joer, huet d’Konschtwelt mam Andy Warhol en Artist verluer dee wéi kaum en aneren d’Konsumkultur a senger Konscht festgehalen huet.