arrow_back_ios
Kultur
"Night Shift" am Casino
Alldagsgéigestänn sinn net nëmmen do, fir eis de Quotidien ze vereinfachen, se rassuréieren och, well se eng kloer definéiert Funktioun hunn. D'Alberta Niemann an d'Jenny Kropp vum Berliner Kënschtlerduo "Fort" huele banal Objeten aus hirem Kontext eraus an den Ausstellungsraum eran, fir mat eise Kuckgewunnechten ze spillen, eis ze veronsécheren. Den Ament mat der Expo "Night Shift" am Casino an der Ënneschtgaass. D'Kerstin Thalau huet d'Nuetsschicht iwwerholl.