Kultur
D'Margarethe von Trotta kritt 75 Joer
Déi international unerkannten däitsch Cineastin gouf duerch Filmer wéi "Rosa Luxemburg" oder och nach "Die bleierne Zeit" bekannt. An e Lien mat Lëtzebuerg gëtt et och duerch hire Film "Hannah Arendt" iwwer déi däitsch-jiddesch Philosophin. Deeler vum Film goufen ënnert anerem zu Käerjeng gedréint, well mat Minotaurus Film war och eng Lëtzebuergesch Firma un der Produktioun bedeelegt. D'Margarethe von Trotta schafft nach ëmmer äerdeg weider, Projete sinn an der Maach, och mat de 75 Joer, déi se haut kritt. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait.