Aktuelles
Direkt-Bild-Kamera vs Smartphone-Fotoen
D'Direkt-Bild-Kamerae stäipe sech géint d'Dominanz vun de Smartphone-Kameraen, och wa geduecht gouf, d'Zäit vun den Direkt-Bild-Kamerae wär no der Insolvenz vum Pionéier an deem Beräich, Polaroid, eriwwer. D'Fotoen déi ee mat Smartphone mécht, kann een direkt online setzen an anere Leit accessibel maachen, iwwer Facebook, Twitter, Instagram a.s.w.. E Maart fir Direkt-Bild-Apparater ass net méi do, och wann eleng Polaroid ugangs den 1990er Joren iwwer véier Millioune Fotoapparater pro Joer verkaf huet. Mä d'Iddi vun der direkter Foto wëll net ausstierwen an huet esouguer nach eng Nisch fonnt. Zemools well Instagram dat quadratescht Bild mat de populäre Faarffilteren ënnerstëtzt, an domat d'Ästhetik vun der aler Polaroid-Foto um Liewen hält. An dann huet d'lescht Joer d'Moud, Firme wéi Burberry a Boss, de Reiz vun den Direkt-Biller entdeckt. Detailer mam Jean Claude Majerus.