Musica Sacra
Messe des Pauvres
Den Erik Satie ass ee skurrile Personnage an een erstaunlechen, ganz originelle Komponist. Seng Musek ass eenzegaarteg, well se sech op keng Referenze bezitt an, grad wéi hire Createur, zimlech eleng lieft. Enn der 90er Jore vum 19. Joerhonnert grënnt de Satie d'"Église métropolitaine d’art de Jésus-Conducteur". Et war eigentlech eng Protestbeweegung géint d'Gesellschaft, eng Beweegung, där hir Argumenter d'Musek an d'Molerei waren. De Satie war net nëmme Chef vun där Kierch, mee och hiren eenzegen Adept. Fir d'Eglise métropolitaine huet en d'Messe des Pauvres geschriwwen. De Guy Engels presentéiert se.