Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

1. Release vun der Woch: Kreator - Gods Of Violence (8,5/10)

35 Joer scho geléngt et Kreator ëmmer nees, sech kënschtleresch a Fro ze stellen, sech selwer ëmmer nes op en Neits erauszefuerderen an nei Horizonter ze erfuerschen an dobäi ëmmer zu héichexplosive Resultater ze kommen. Och de mëttlerweil 14. Album vun der Essener Thrash Band Gods Of Violence, deen de 27. Januar bei Nuclear Blast erauskomm ass, ass nees e gudde Bewäis dofir.

Schonn den Intro vum Opener Apocalypticon léint dem Grondgedanke vum Album, nämlech den Haass, deen d’Mënschheet géint sech selwer kann hunn an ëmmer nees doduerch zum Ausdrock kënnt, dass z. B. Relioun a Politik dofir benotzt gëtt, extrem Gewalt ze rechtfäerdegen, de passende bombastesche Kader: Marschtrommelen an e Chouer wéi aus enger Oper vum Wagner bereeden de Wee fir en aussergewéinlecht Metal-Presslofthummer, dee brachial Passage mat intime Momenter verbënnt a sech duerch en ökonomeschen a virbildlechen Ëmgang mat Dynamik auszeechent.

De Frontmann Mille Petrozza ass sou wéi déi meescht Metal Musker mat Metal grouss ginn, war awer ëmmer nees oppe fir Inspiratioun aus sämtlechen anere Genren. Dofir si seng Texter och keng platt Genreschablounen mä gescheit Diagnostik vum Zäitgeescht mat Humor an engem ausgeprägten Hang zu iwwerdriwwene Klischeeën, wéi z. B. an der éischter Single vum Album Satan Is Real

Dem Petrozza seng Oppenheet weist sech iwwerdeems och doduerch, dass bei dësem Stéck den Indie-Schnulzesänger Dagobert matgeschriwwen huet, a bei Fallen Brother esouguer däerf matsangen.

Doriwwer eraus huet déi italienesch Symphonic Death Metal Band Fleshgod Apocalypse bei den Orchester Deeler vu 4 Lidder matgeschafft a bei Gods Of Violence kënnt dat 12 Joer jonkt Tekla-Li Wadensten mat der Harf an den Asaz

Wat vu ville Kreator Fans bësse bedauert bis kritiséiert gëtt, ass, dass si hir Energie verluer hätten. Et ass wuel wouer, Kreator sinn 2017 net méi grad esou aggressiv a brutal wéi zu hiren Ufankszäiten, mä dofir hu si Plaz geschaf fir vill méi Kreativitéit, Orchestratioun a Melodie. An dës Elementer ginn op Gods Of Violence och ganz grouss geschriwwen:

Puriste wäerten deemno hire Problem mam Album hunn, Leit mat engem oppenen ouer an oppene Geescht freeë sech iwwert en Album voller schaarfen Riffer, déi ënnert schicke Melodie gallopéieren, séierem Double Bass an aggressivem Gejäitz. Ma gläichzäiteg sinn d’Lidder grandios an zum Deel epesch. Fir mech perséinlech déi bescht Kreator Release zënter Joren.

2. Release vun der Woch: Six Feet Under - Torment (5/10)

3 Woche virdrun, nämlech déi nächst Woch kënnt eng weider Death Metal Release, nämlech keng aner wéi déi vu Six Feet Under. Torment nennt sech den neien Album ronderëm de fréiere Cannibal Corpse Sänger Chris Barnes an e kënnt via Metal Blade eraus.

Eppes muss ech direkt virop soen: Ech ginn einfach net méi mam Chris Barnes als Sänger waarm. Fréier huet e sech Saach jo wierklech net schlecht gemaach, mä an der Lescht kléngt hien ëmmer méi wéi en 13 järege mat enger fatzeger Bronchite, dee mengt e misst growlen.. Net nëmme maache seng Growls dem Band Numm all Éier, well se esou ënnerierdesch kléngen, et ass och 0 Variatioun an de Vocals an et spiert an héiert ee richteg d’Problemer, déi hien huet, wann en z. B. Growls bësse méi laang wëll ausklénge loossen

D’Band u sech mat hirer Musek kënnt mat hirem 12. Album e Krack méi intensiv zréck. Op Torment gëtt et Tonne klassesche Six Feet Under Groove, ma Fans wäerten eng bësse méi aggressive Approche bemierken, mat esouguer relativ moderne Blast Beats. Den Opener an éischt Single Sacrificial Kill, wat plazeweis dann awer bëssen u Cannibal Corpse erënnert, ass heivir beschte Bewäis:

Leider ass dëst Stéck och gläichzäiteg e Paradebeispill dofir, dass Six Feet Under bësse langweileg a gelangweilt wierken. Well och wann d’Band heiansdo den Tempo erhéijt, sou wierken déi meescht Riffer dach awer bësse forcéiert a wéi wa se vu Rifferinspiréiert gi wieren, déi all déi aner 0815 Death Metal Bands produzéieren…

Wat awer och net bedeit, dass den Album totale Schrott ass.. Ëmmerhin ass dëse schwéiere Groove jo d’Markenzeeche vum Cookimonster senger Band, a wann een net ze vill driwwer nodenkt a scho puer Béier intus huet, wäert ee wuel definitiv mat headbangen. An awer hätt ee sech bësse méi Originalitéit gewënscht. An et wier gutt, wann een duerch déi wierklech grausam Vocals net ëmmer misst laachen… oder kräichen..

Playlist

Iced Earth - Life And Death

Dust Bolt - Mass Confusion

Kreator - Satan Is Real

Exposer - 0.5 Save Me

Inzest - Pessimist Suicide

Obituary - Turned To Stone

Six Feet Under - The Seperation Of Flesh From Bone

Antropomorphia - Crown Ov The Dead

The Obsessed - Razor Wire

The Ocean - Rhyacian

Episoden