arrow_back_ios
Kultur
Den Egon Schiele an der Wiener Albertina
2018 ass den 100. Doudesdag vum Egon Schiele. E Grond fir de Moler alt emol nees an d'Vitrine ze stellen. Den éisträicheschen Expressionist war mat nëmmen 28 Joer un der spuenescher Gripp gestuerwen, e puer Deeg virum Enn vum Éischte Weltkrich. Mee, ass net schonn alles iwwert hie gesot? Neen, et ginn nei Erkenntnisser, an déi gi vum nächste Mëttwoch un am Wiener Musée Albertina presentéiert. Explikatioune vum Kerstin Thalau.