arrow_back_ios
Kultur
Den éisträichesche Kabarettist Alfred Dorfer
Hie gehéiert zum Top, wat den éisträicheschen Kabarett ze bidden huet. Mä zanter der Verfilmung vu sengem Theaterstéck "Indien", dat hien zesumme mam Josef Hader geschriwwen huet, ass den Alfred Dorfer och iwwert Grenze vun Éisträich eraus bekannt ginn. De Kabarettist war fir de Festival "Humour pour la Paix" am Centre Culturel Neimënster zu Lëtzebuerg an de Jean Claude Majerus huet sech mat him ënnerhalen.