arrow_back_ios
Kultur
Masquerade an der Casino-Black-Box
Mat der "Masquerade" beschäftegen sech dëse Februar net just Fuesgecken. De Casino, de Forum fir aktuell Konscht an der Ënneschtgaass, presentéiert a sengem Projektiounsraum "Blackbox" verschidde Videoen zu deem Thema. Fir de Cycle "La commedia dell'arte-l'art en tant que masquerade" hu Videoartiste mat hirer Kamera e Bléck an d'Kulisse vum Konschtmilieu geworf. D'Kerstin Thalau huet mat der Curatrice Bettina Heldenstein iwwert hir Selektioun geschwat.