arrow_back_ios
Blue Note
Born to be Blue - Chet Baker
An eisen Nopeschlänner ass vru kuerzem den amerikanesche Film "Born to be Blue" erauskomm, e Biopic iwwert den Trompettist a Sänger Chet Baker. Leider gëtt dëse Film net bei eis an de Kinoe gewisen. Vläicht mengt den Distributeur, datt Lëtzebuerg eng Jazzprovënz ass? Als Kompensatioun presentéiert de Jitz Jeitz eng ganz Emissioun mat Musek vum Chet Baker. Keng integral Biografie, dofir ass eng Stonn ze kuerz, awer mat Musek aus all senge Schaafensperioden, vun 1953 bis 1988.