arrow_back_ios
Kultur
A Tribute to Gene Kelly
"Gene Kelly: The Legacy" heescht eng Manifestatioun, mat där d'Witfra vum legendären amerikanesche Choreograf an Dänzer Gene Kelly uechtert d'Welt tourt. Den 12. Februar ass si am Mamer Kinneksbond op Besuch, wou si unhand vu Film-Extraiten, Toundokumenter, an natierlech hiren Erënnerungen, e Portrait vun hirem verstuerwene Mann zeechent. D'Cinémathéik proposéiert bei dëser Geleeënheet den 11. Februar och eng Soirée-Hommage un den Gene Kelly, dat och a Präsenz vu senger Witfra. D'Cléo Thoma informéiert.