Kultur
Das Leben Ein Traum
De spuenesche Poet an Dramatiker Perdo Calderon an den italienesche Realisateur an Enfant terrible Pier Paolo Pasolini an engem Theaterowend erliewen, versprécht grouss Poesie a Genialitéit. "Das Leben ein Traum" weist, wéi de Pasolini Motiver vum Calderon verschafft, an dat eben aus der Vue vun engem Drëtten, dem Metteur en scène Frank Hoffmann. Derbäi kënnt nach d'Mëschung vun Däitschen a Lëtzebuerger Acteure wéi Hanna Schygulla, Dominqiue Horwitz, Wolfram Koch, Annette Schlechter oder Roger Seimetz. Detailer mam Jean Claude Majerus.