arrow_back_ios
Kultur
Eva Gritzmann an Denis Scheck am Trifolion
Bekannt als Literaturkritiker, bekennende Frënd vu gudder Kichen a selwer Co-Auteur vun zwee Wierker, déi béides verbannen: "SIE & ER: Der kleine Unterschied beim Essen und Trinken" koum 2012, "Solons Vermächtnis - Vom richtigen Zeitpunkt im Leben" 2015 op de Maart. Den Denis Scheck kënnt Samschdes, den 11. Februar an den Trifolion op Iechternach, fir zesumme mat der Eva Gritzmann aus dësem Wierk ze liesen. D'Nathalie Bender huet sech am Virfeld mam Denis Scheck ënnerhalen.