Kultur
"Noces" vum Stephan Streker
Am Utopia leeft dem belsche Realisateur Stephan Streker säi Film "Noces": déi international Co-Produktioun mat, vu Lëtzebuerger Säit aus, Tarantula, weist e Famillen-Drama an handelt vun engem arrangéierte Bestietnes an dem Konflikt tëschent zwou Kulturen. De Film, dee bis elo erfollegräich op Festivale wéi Toronto, Namur an Angoulême gelaf ass, weist op nuancéiert Manéier Personnagen, déi an enger Zweckmillche sinn. Gespillt, engersäits, vun "alen Huesen", wéi dem Babak Karimi an dem Olivier Gourmet, an anerersäits, vu jonke Revelatiounen: de Sébastien Houbani, a ganz besonnesch, an der Haaptroll, d'Lina El Arabi. D'Cléo Thoma huet de Film gesinn.