arrow_back_ios
Kultur
E fabrizéiert Fabelwiesen mat Plommen a Pailletten
Hir Bee ware legendär, an hiert Gesiicht och am héijen Alter nach aussergewéinlech schéin. Virun allem awer ass d'Marlene Dietrich, där d'Cinémathéik elo eng Retrospektiv dediéiert, eng onheemlech duerchduecht Representante vun enger bestëmmter Zort Kino. Een Artifice, deen et a sech hat, fir d'Welt nohalteg ze verzauberen. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.