Kultur
Denis Scheck - enfant terrible vun der Literaturkritik?
Wie scho mol zu spéider Stonn op der ARD "Druckfrisch" gesinn huet, kennt den Denis Scheck - de "Schreck" vun deenen Auteuren, deenen hir Bicher dem populäre Literaturkritiker net gefalen. Dee Kritiker, dee sech net genéiert e Buch konsequent fir onnéideg, net intelligent, sproochlech schlecht a stilistesch katastrophal ze bezeechnen, wann hie selwer där Meenung ass. An dann och keng Sekonn zéckt, fir d'Wierk ratsch an d'Poubelle ze geheien. Den Denis Scheck schreift selwer, zesumme mat der Eva Gritzmann, dann awer literaresch Sachbicher mat kulinareschem Interêt. E Gespréich mam populären däitsche Literaturkritiker gefouert vum Nathalie Bender.