Blue Note
Evolutioun vum Solo-Piano
Dat eenzegt Instrument, bei deem een de Register vun engem ganzen Orchester ënnert sengen zéng Fangeren huet, ass natierlech de Piano. Obwuel dëse wichtege Bestanddeel vun der Musek a verschiddenste Besetzungen zum Droe kënnt, sou ass a bleift de Solo Piano d'Kinneksdisziplin vun de Claviéristen. Vum Ragtime, deen e Basis-Pilier vun der Jazzmusek ass, iwwer d'New York Stride School bis zum moderne Solo-Piano ass vill geschitt. Ob Jelly Roll Morton, Cecil Taylor oder Brad Mehldau: verschidde Perséinlechkeete stiechen einfach eraus. An op deenen hire Spuere beweegen sech de Pit Dahm an de Pol Belardi an dëser Emissioun Blue Note.