arrow_back_ios
Kultur
De Fotograf Yvon Lambert a Kuba
Als Ingenieur huet hie Pläng fir Héichiewen entworf, mee no fënnef Joer hat en es genuch an ass op Bréissel Fotografie studéiere gaangen. Haut gehéiert den Yvon Lambert mat zu de bekanntste Fotojournaliste vu Lëtzebuerg, och wann hien an der lescht meeschtens am Ausland ausgestallt huet. Den Ament weist hien eng eeler Serie Kuba-Fotoen an der Galerie Clairefontaine. D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, op et dofir politesch Grënn ginn.