arrow_back_ios
Kultur
D'Isle Landers am Neimënster
D'Malteser sinn Insulaner, also op englesch "Islanders". Den 3. Februar 2017 war den EU-Sommet op Malta, wichtegste Sujet: d'Flüchtlingsproblematik. De maltesesche Fotograf Darrin Zammit Lupi nennt d’Flüchtlingen "Isle Landers". Fir hie si si keng Zifferen, keng diffus Mass, oder Statistiken, mee zanter knapps zéng Joer den Haaptsujet vu senger Fotografie. An déi presentéiert hien den Ament am Neimënster. Explikatioune vum Kerstin Thalau.