arrow_back_ios
Kultur
De Godfather vum New Hollywood um Sommet
An der Cinémathéik op der Theaterplaz ass den Ament eng grouss Francis Ford Coppola Retrospektiv am gaangen: en Hommage un eng onëmgänglech Figur am amerikanesche Film. Den Auteur vu Filmer wéi der "Godfather"-Trilogie, vun "Apocalypse Now" oder och nach vun "The Outsiders" huet Generatiouns-prägend Wierker geschaf. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.