Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Nailed To Obscurity

Nailed To Obscurity

Release vun der Woch: Nailed To Obscurity - King Delusion (8/10)

Virun e puer Wochen hat ech d’Band am Interview fir iwwert hiren neien Album ze schwätzen, dës Woch reviewen ech dësen Album dann. Riets geet vu "King Delusion", dem neien Album vun der däitscher Progressive Metal Band Nailed To Obscurity, déi hei am Land nach net extrem bekannt sinn, déi awer um gudde Wee no uewe sinn an och well z. B. um Wacken gespillt hunn..

Wann der wësse wëlt, wéi Nailed To Obscurity kléngen, stellt iech eng Mëschung aus fréiem Material vu Katatonia mat bëssen Opeth a Paradise Lost vir. "King Delusion" ass deemno een eng Stonn laangen bleechen, emotionalen, melancholeschen an düsteren Death / Doom Mix mat Post Elementer. Nailed verstinn et vun Ufank un, den Nolauschterer mat engem gewëssene misteriéise Vibe an hire Bann ze zéien, ee mat hiren zum Deel depriméierende Riffer an den ominéise Melodien ze paken an awer och mat der Ofwiesslung an de Stécker bësselche mat de Gefiller ze spillen.



Dem Frontmann Raimund Eggena seng rau Death Metal Vocals ronnen de Mix perfekt of. De Raimund kann awer net nëmme gröhlen, wéi hien an der neister Single vun der Band "Protean" beweist, wat zum Deel eriwwer kënnt wéi e Stéck vun Tool mat engem däischteren Death Ustrach, ma wou de Raimund awer och clean séngt.

Kärstéck vu "King Delusion" dierft awer wuel dat 12 Minutte laangt "Unacge My Sanity" sinn, iwwert dat de Raimund an de Gittarist Ja-Ole och well am Interview geschwat haten. Et ass e perfekt Prog Stéck mat extrem vill Ofwiesslung, Héichten an Déiften a villen interessante Momenter, sou dass engem d’Lidd beim Lauschtere guer net esou laang virkënnt.

E wierklech schwaache Moment gëtt et um Album net a mat de richtege Connections dierft "King Delusion" deen Album fir Nailed To Obscurity sinn, mat deem si grouss erauskommen.

Playlist

Pestilence - Out Of The Body

Six Feet Under - Exploratory Homicide

Allegaeon - Of Mind And Matrix

All That Remains - Madness

Nailed To Obscurity - Protean

Soen - Sectarian

Mastodon - Sultan’s Curse

Kreator - Fallen Brother

Bear - Masks

Sepultura - Phantom Self

Entombed - Stranger Aeons

In Flames - Starforsaken

Episoden