Kultur
Weltpremière LORD - Luxembourg Online Rights Desk
Déi Responsabel vu Luxcontent - dem Groupement d'intérêt économique, dee bal all Lëtzebuerger Editeure regroupéiert - a LUXORR - dem Organ, dat Rechter vu literareschen Texter zu Lëtzebuerg sammelt a verwalt - hunn d'Internetplattform LORD.lu offiziell lancéiert. LORD.lu ass eng Plattform, op där ee souwuel Contenu, wéi och Rechter op enger Plaz ka kafen. Eng Weltpremière, där vill vun deenen, déi am Virfeld dovun héieren haten, skeptesch géinteniwwer stoungen, déi awer versprécht, dem Lëtzebuerger Literaturbetrib op d'mannst d'Méiglechkeet ze ginn, sech och iwwer d'Landesgrenzen eraus ze positionéieren. D'Nathalie Bender mat Hannergrënn.