arrow_back_ios
Kultur
Expo Yvon Lambert an der Galerie Clairefontaine
Als Ingenieur huet hie Pläng fir Héichiewen entworf, mee no fënnef Joer hat hien es genuch an ass op Bréissel Fotografie studéiere gaangen. Haut gehéiert den Yvon Lambert mat zu de bekanntste Fotojournaliste vu Lëtzebuerg, och wann hien an der lescht meeschtens am Ausland ausgestallt huet. Den Ament weist hien eng eeler Serie Kuba-Fotoen an der Galerie Clairefontaine. D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, op et dofir politesch Grënn ginn.