arrow_back_ios
Kultur
"Aschengänger" vum Jay Schiltz
De 27. Januar ass den internationalen Dag, deen der Erënnerung un d'Affer vum Holocaust dediéiert ass. De Jay Schiltz huet a sengem Buch "Aschengänger" Wierder fir déi onvirstellbar Verbriechen un der Mënschheet fonnt an huet seng Andréck vun de Visitten op Auschwitz a Birkenau literaresch verschafft. Am Gespréich mam Valerija Berdi erzielt hien iwwer säi Buch an iwwert d'Reese mat den Organisateuren, den "Témoins de la deuxième génération" op déi Plaz, wou 1,5 Millioune Mënschen ermuert gi sinn.