arrow_back_ios
Kultur
"Et war gutt organiséiert an et huet och kee gegrommelt"
Déi offiziell Avant-Première vum Andy Bausch sengem neie Film "Rusty Boys" war net nëmmen der Ierfgroussherzoglecher Koppel den Deplacement wäert. Och de gesamten Who's Who vun der Lëtzebuerger Schauspillzeen war komm. Ee substantiellen Deel dovunner spillt jo och am Film mat. "Rusty Boys" erzielt vun enger Grupp Leit, déi sech hiert Liewe laang net draschwätze gelooss hunn. An t'ass net, well se elo al sinn, datt dat soll änneren. D'Cléo Thoma war op der Avant-Première.