Kultur
Sorry, fir deen Duercheneen!
No laanger Absence ass et erëm sou wäit: De Jhemp Hoscheit huet d'Evenementer an der Welt an zu Lëtzebuerg vun 2016 ënnert d'Lupp geholl an zu engem kabarettistesche Stéck verschafft. Begleet gëtt de Schrëftsteller, net just musikalesch, vum Julien Arpetti. Den Optakt vun der Tournée duerch d'Land fänkt am Mierscher Literaturhaus un. Iwwert de Programm, seng Methoden, déi néideg Informatiounen zesummen ze sichen an de Sënn vum Cabaret, erzielt de Jhemp Hoscheit um Mikro vum Valerija Berdi.