arrow_back_ios
Kultur
D'Anne Michaux an d'Realitéit
Hutt Dir haut scho gelieft? Wie sidd Dir haut? Wie seet Iech, wat Dir haut denke sollt? Dat si Froen, mat deenen Iech d'Fotografin Anne Michaux op hirer aktueller Ausstellung am Kulturhaus Nidderanven konfrontéiere wëllt. Déi gebierteg Ettelbréckerin ass no Etappen zu Bréissel an Amsterdam am Joer 2000 op Berlin geplënnert, wou si zanter 2005 als fräischaffend Kënschtlerin aktiv ass. D'Kerstin Thalau huet d'Anne Michaux während dem Montage vun hirer Expo zu Nidderanven begéint.