Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

New Cotton Club

100komma7.lu / New Cotton Club

/ Dinah Washington 1924-1963

Dinah Washington 1924-1963

D'Sängerin a Pianistin Dinah Washington huet Vill opzeweisen a gouf als "the most popular black female recording Artist of the 50’s" bezeechent. Virun allem war si an den Jazzvocals beléift, mee huet och fir aner Museksgattungen opgeholl, sief et am Rythm and Blues oder fir déi traditionell Popmusek. Si hat et net ëmmer einfach. En turbulent Privatliewe mat siwen Hochzäiten, an den Abus vu Medikamenter an Alkohol huet hir Gesondheet a Gefor bruecht.

Titelen mam Dinah Washington sinn: "What a Difference a Day Makes, "Cry Me a River", "Come Home", "Call Me Irresponsible" an Anerer. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Episoden