Radioen

On air

Concert  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Carradine & Sepultura

Carradine & Sepultura

Carradine

Premiere dës Woch am Metal Meltdown vun engem neie Song vun enger Lëtzebuerger Band. Den Nieweprojet vum Drummer vu Sleepers' Guilt Max Sauber, deen hien zesumme mat senger Cousine, der fréierer Sängerin a Bandkollegin vun Ophidian, dem Caroline Clement op d’Been gestallt huet, ass eigentlech eng Indie-Pop Rock Formatioun, ma dat heite Stéck ass dach schonn e Krack méi heavy: For Gain. Et ass eben awer Metal am Blutt.. d’Texter goufen iwwregens vum Caroline sengem Mann, dem fréiere Sänger vun Dreams of Nabid, David Everard geschriwwen.. En Album ass nach net geplangt mä d’Band wäert no an no dat engt oder anert Lidd mat Video verëffentlecehn. A sou gëtt et och fir dësen Track elo e Video op Youtube:



Release vun der Woch: Sepultura - Machine Messiah (8,5/10)

Laang hunn ech gebraucht bis ech Sepultura an hirer aktueller Besatzung akzeptéiert hunn.. Ech war zwar ëmmer e Fan vu Sepultura hirer thrasheger Zäit a Beneath The Remains ass och haut nach ëmmer mäi Lieblingsalbum vun hinnen, ma och Roots huet mer gehirlos gutt gefall, a wéi de Max Cavalera fortgaang ass, sinn ech souzesoe mat him eriwwer bei Soulfly gewiesselt, well hien do dat weider gemaach huet, wat hie mat Roots ugefaang hat; a Sepultura war méi oder manner fir mech gestuerwen… Bis ech si 2015 live um Wacken gesinn hunn. Zwar hu mer och do déi al Lidder ëmmer nach besser gefall, wéi déi Saachen, déi d’Band nom Cavalera geschriwwen huet, an awer hunn ech erkannt, dass si richteg fett kënne sinn, och wa si just ee Gittarist hunn. An dat hunn ech elo och beim neisten Album festgestallt, deen d’lescht Woch erauskomm ass

Op Machine Messiah weise sech Sepultura ganz abenteuerfreedeg, den Andreas Kisser spillt mat all méigleche Genren, och wann d’Basis nach ëmmer aus dem Thrash vu fréier an dem Groove vum Cavalera senge leschten Albume besteet. Ma op Machine Messiah gëtt et nach vill méi, wéi Elementer aus dem Soul, z. B. am clean gesongenen Intro vum Derrick Green

Och all déi aner Genren, déi mat afléissen, wéi Power Metal, Tribal, Folk oder souguer Jazz stéieren am gesamte Mix net, a fléissen nahtlos aneneen iwwer

Ech kann net allzevill iwwert d’Weiderentwécklung vun der Band soen, well ech déi lescht Albume wierklech net méi sou genee gelauschtert hunn, de leschten Album nom Cavalera war Roorback, ma am Verglach mat deem hu sepultura en enorme Schrëtt no vir gemaach, an dat net nëmmen am generelle Songwriting mä och wat d’Ëmsetzung vun den eenzelnen Instrumenter ugeet. Sou hu Sepultura mam Eloy Casagrande, dee lo 5 Joer dobäi ass, e richteg strammen Drummer fonnt, dee säin Handwierk sou gutt kennt, wéi fir d’lescht den Iggor Cavalera.

Ma net nëmmen de Casagrande ass wéi een op Englesch sou schéi géif soen on top of his game, dat selwecht gëlt och fir den Andreas Kisser, dee mat senger Gittar duerch d’Lidder shreddert wéi wann näischt hie kéint ophalen

Ma et ass net nëmmen d’Geschwëndegkeet an d’Brutalitéit, déi d’Gittar sou ausseruerdentlech klénge loossen, ma och dem Kisser säi Gefill fir Songwriting, Harmonien an eng richteg konschtvoll Instrumentaliséierung

Ech ka Machine Messiah wéi gesot, schlecht mat fréiere Sepultura aus der Green Era vergläichen, ma vun deem wat ech bis elo héieren hunn, ass den neien Album mat wäitem dat bescht déi brasilianesch Band bis elo bruecht huet.

Playlist

Samael - A Man In Your Head (Passage; Century Media; 1996)

Armored Saint - March Of The Saint Live (Carpe Noctum; Metal Blade; 2017)

Obituary - Sentence Day (Sentence Day; Relapse; 2017)

Black Anvil - Ultra (As Was; Relapse; 2017)

Sepultura - Iceberg Dances (Machine Messiah; Nuclear Blast; 2017)

Warbringer - Silhouettes (Silhouettes; Napalm; 2017)

Benighted - Reptilian (Necrobreed; Season Of Mist; 2017)

Carradine - For Gain (Single; Independent; 2017)

The Agonist - Take Me To Church (Five; Napalm; 2016)

Destrage - Dreamers (A Means To No End; Metal Blade; 2016)

Hammerfall - Hammerfall (Glory To The Brave; Nuclear Blast; 1997)

Oni - The Only Cure (Ironshore; Metal Blade; 2016)

Episoden