arrow_back_ios
Kultur
"Bilder deiner grossen Liebe" am Escher Theater
D'Isa Schmidt ass aus der Jugendpsychiatrie fortgelaf a mécht sech buerféiss op de Wee duerch d'Natur; et fiert op engem Schëff mat, léiert e fréiere Bankraiber kennen an denkt zimlech chaotesch iwwert d'Liewen no. A wou geschitt dat alles? Den 19. Januar emol op der Escher Theaterbühn, den 2. an 3. Februar dann am Ettelbrécker Cape. Do presentéiert d'Compagnie "Theater Traverse" dem Wolfgang Herrndorf säin Textfragment "Bilder deiner grossen Liebe". Explikatioune vum Kerstin Thalau.