arrow_back_ios
Kultur
Aarhus 2017: "Let's Rethink - Loosst eis ëmdenken"
Äddi Breslau a San Sebastian. Bonjour Aarhus a Pafos! Muer an Iwwermuer gëtt an der dänescher Stad Aarhus dat Europäescht Kulturjoer 2017 offiziel lancéiert. Eng Woch drop ass den Tour un der zypriotescher Stad Paphos. Aarhus an 18 aner Gemenge verspriechen e grousse Spektakel ënnert dem Titel "Let’s Rethink - Loosst eis Ëmdenken", wou virun allem och Kanner am Mëttelpunkt stinn. De Jean Claude Majerus informéiert.