arrow_back_ios
Presserevue
Presserevue
"Nëmme Gewënner", esou déi grouss Schlagzeil de Moien am Lëtzebuerger Wort. Et geet ëm d'Vertraue vun de Wieler an d'Politiker. De Resultater vun der Politmonitor-Ëmfro no, verléiert kee Politiker un Zoustëmmung. Op der éischter Plaz läit den Ausseminister Jean Asselborn.
D'Tageblatt versprécht vun haut u méi Iwwersiicht a méi Qualitéit ze bidden. Rieds geet vun engem "neien Tageblatt", dat vun haut un aus véier an net méi aus sechs Zeitungs-Hefter besteet.
Presentéiert vum Serge Kesseler.