Konferenzen
Eng Sprooch, eng Identitéit?
Wéi eng Verbindung existéiert tëscht Sprooch an Identitéit? Wat ass d'Ziel vun der Sproochepolitik hei am Land a wéi gutt funktionéiert se? Iwwer dës Froen hu Politiker, Historiker a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft op enger rezenter Table Ronde mam Titel "Eng Sprooch, eng Identitéit?" diskutéiert. D'Table Ronde gouf vun der radio 100,7 Journalistin Pia Oppel moderéiert.
Diskutéiert hunn den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, de President vum Jugendparlament Amir Vesali, de President vun de jonke Sozialisten, Jimmy Skenderovic, d'Presidentin vun der Confederatioun vun der portugisescher Communautéit, Paula Martins an d'Historikerin op der Universitéit Lëtzebuerg Sonja Kmec. D'Introduktioun gouf vum Michel Pauly gemaach.
En Zesummeschnëtt realiséiert vum Françoise Keller.