Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

New Cotton Club

100komma7.lu / New Cotton Club

/ Sarah Vaughan 1924-1990

Sarah Vaughan 1924-1990

Och d'Jazzsängerin d'Sarah Vaughan hat verschidde Spëtznimm wéi "Sassy" oder "the Devine One". Dee leschten dréit si am Beschten, nämlech huet si an hirer Carrière véier Grammye gewonnen, dorënner ee "Lifetime Achievement Award". Virun allem huet si duerch hir präzis Stëmmprojektioun a Liichtegkeet beandrockt, egal wéi e Register oder Tempo. Derbäi hat si eng Stëmmtessitur vun dräi Oktaven an eng Hallef.

Titele mam Sarah Vaughan sinn: Easy to Love, Embraceable You, Vanity, Ev’ry Time We Say Goodbye an Anerer.

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Episoden